D’Strecken ass meng Passioun zënter méi wéi 40 Joer. An Saache Strecken an Häkelen hunn ech an all deene Jore vill Erfarunge gesammelt esou, dass ech mech all Erausfuerderunge stellen.
Haaptsächlech kreéieren ech fir de Just-4-Babies-Deel vu mengem Geschäft Gezei an Accessoirë fir Puppelcher a Kanner. Fir dës Kreatiounen ze erschaffen, benotzen ech Woll, Kotteng an aner Materialien déi ideal fir Puppelcher sinn. All Bestellung gëtt gewëssenhaft hiergestallt. Stöbert dofir gäre bis an eis Galerie eran.
Natierlech stelle mir och op Commande Gezei an Accessoiren ewéi och kleng Kaddoe fir Erwuessener hier.
Fir eise Wollschof-Deel biede mir Iech verschidde Wolle vu Kotteng bis Schofswoll bis iwwert Alpakawoll alles Méigleches un. Mir bieden Iech follgend Marken un: West Yorkshire Spinner, King Cole, ProLana a WoollyHugs. Mir beroden Iech gäre fir Ären nächste Projet.
