Streckcours

Mir bidden Iech zwee verschidde Streckcours un

Denschdes zu Elleng am Centre Martialis

All Dënschde komme mir am Centre Martialis (Route d’Erpeldance, L-5690 Ellange)zesumme fir ze strecken. Dobäi gëtt gestreckt a geschnësst. All Niveau ass wëllkomm. De Streckcours leeft ënner der Leedung vun der Amicale vun Elleng.

Donneschdes zu Uespelt am Centre polyvalent

All Donneschdes gëtt zu Uespelt am Centre polyvalent (14 Rue de École, L-5716 Aspelt)gestreckt an oder geleiert strecken. Och hei ass all Niveau wëllkomm. Dësen Streckcours leeft ënnert der Leedung vun dem Gaart an Heem Uespelt. Frais fir dësen Cours leit bei 75€ pro Joer wou bei déi Suen um Enn vum Joer un e gudden Zweck gespent gëtt.

All eis Cours laafen ganzt Joer duerch ausser an de Schoulvakanzen oder bei Feierdeeg. Mir sinn fir Iech do an hëllefen Iech wann dir Problemer mat Ärer Streck huet. Mir freën eis op Iech.